XR Luxembourg

this is an emergency

declaration_luxembourgish

ERKLÄRUNG VUN EISER REBELLIOUN

“D’Wourecht u sech gär ze hunn, ass de Kär vun der mënschlecher Perfektioun op dëser Welt, an de Som vun all deenen aneren Tugenden.” 
John Locke

Mir halen déi heite Wourecht fest:

Dëst ass eis däischterste Stonn.

D’Mënschheet ass an eng Situatioun verwéckelt, wéi et se an eiser Geschicht nach ni gouf. Eng Situatioun, déi, wa se net direkt adresséiert gëtt, eis weider katapultéiert an d’Richtung vun der Zerstéierung vun all deem, wat eis um Häerz läit: vun dëser Natioun, hire Leit, eisen Ökosystemer an der Zukunft vun de Generatiounen, déi no eis kommen.

D’Wëssenschaft ass eendäiteg – mir befannen eis am sechste Massestierwen, a mir wäerten enger Katastroph ausgesat sinn, wa mir net séier an entschlossen handelen.

D’Biodiversitéit gëtt weltwäit vernicht. Eis Mierer si vergëft, d’Waasserpeegele sinn um Klammen. Iwwerschwemmungen an d’Wüstenausdehnung wäerte wäit Landstrécher onbewunnbar maachen an zu Massemigratioune féieren.

Eis Loft ass esou gëfteg, dass se géint Gesetzer verstéisst. Se schued den Ongebuerenen, wärend dausende Leit wéinst hir stierwen. Den Zesummebroch vun eisem Klima huet ugefaang. Et wäerte méi Bëschbränn, onprevisibel Stierm, steigend Hongersnéit an nach ni gesinnen Dréchente ginn, wärend Liewensmëttel a frëscht Waasser ëmmer méi rar ginn.

D’ökologesch Krisen, déi en Impakt op dëst Land an op de Planéit a seng Déieren- a Planzewelt hunn, kënnen net méi weider ignoréiert an ofgestridde ginn. Och dierfen se net weider ouni Äntwert higeholl gi vu Mënschen, déi rational denken, déi en ethescht Gewëssen, moralesch Bedenken oder e spirituelle Glawen hunn.

Opgrond vun dëse Wäerter, der Tugend vun der Wourecht an der wëssenschaftlecher Bewäislag, erkläre mir et als eis Flicht, elo ze agéieren, fir d’Sécherheet an d’Wuelbefanne vun eise Kanner an eise Communautéiten a fir d’ Zukunft vun eisem Planéit.

Opgrond vun eisem Gewëssen an eiser Fäegkeet, logesch ze denken, erkläre mir heimat eis Rebellioun géint déi, déi eis regéieren, a géint déi korrupt, onfäeg Institutiounen, déi eis Zukunft a Gefor bréngen.

Déi muttwëlleg Komplizitéit, déi eis Regierung un den Dag leet, zerstéiert d’Bedeitung vun eiser Demokratie a féiert dozou, dass eis gemeinsam Interesse lénks leie gelooss ginn, wärend kuerzfristeg Gewënner a privat Profiter gefërdert ginn.

Wann eng Regierung an d’Rechtsstaatlechkeet doru scheiteren, de Bierger en adäquate Schutz an eng Ofsécherung vun hirem Wuelbefanne unzebidden, an domat d’Zukunft vum Land op d’Spill setzen, dann hunn d’Bierger d’Recht, fir Verännerungen erbäi ze féieren. Dëst fir eng flichtgebonnen Demokratie erëm hirzestellen, a fir sécher ze stellen, dass Léisunge fonnt ginn, fir d’Katastroph ze verhënneren an d’Zukunft ze sécheren. Et ass domat net nëmmen eist Recht, mee eis absolut Flicht, fir ze rebelléieren. 

Heimat annulléiere mir d’Verflichtunge vum Sozialvertrag, well se duerch der Regierung hiert kontinuéierlecht Scheiteren dorunner, fir ugemiessen ze handelen, ongülteg gi sinn. Mir ruffen all friddlech Bierger mat Prinzipien dozou op, fir mat eis ze rebelléieren.

Mir fuerdere, fir gehéiert ze ginn, fir dass informéiert Léisunge fir dës ökologesch Krise kënnen ugewant ginn. Mir fuerderen, dass eng Nationalversammlung geschaf gëtt, déi d’Léisungen ustéisst, déi gebraucht ginn, fir dass mir dee verheerende Wee verloosse kënnen, op deem mir eis befannen. 

Mir refuséieren et, den zukünftege Generatiounen e stierwende Planéit ze hannerloossen, well mir elo näischt gemaach hunn.

Eis Aktioune si friddlech a gezeechent vun onbändeger Léift fir eis Äerd an eist Land. Mir agéieren am Numm vum Liewen.